A Richtung Frankräich geflüchtZwee Täter no arméiertem Iwwerfall op Tankstell op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie géint 5.30 Auer koum et op enger Tankstell zu Rëmeleng an der rue des Martyrs zu engem arméierten Iwwerfall.
© Laurent Weber / RTL

Zwee Täter hunn d‘Personal menacéiert, wéi si d‘Tankstell wollten opmaachen. Si si mat der Keess a mat enger Staang Zigaretten a Richtung Frankräich fortgelaf. Och no enger grouss ugeluechter Sich-Aktioun feelt all Spuer.

De psychologesche Betreiungsdéngscht vum CGDIS huet sech iwwerdeems ëm déi 4 Leit vum Personal vun der Tankstell gekëmmert.

Weider Onéierlecher erwëscht

An der Stad konnt d‘Police dogéint e Sonndeg de Moie fréi zwee Abriecher zu Weimeschkierch pëtzen. D‘Beamte goufen informéiert, dass derbäi wier agebrach ze ginn. Kuerz drop konnte si ee vun de presuméierten Täter nach sur place stellen, deen anere wollt sech ze Fouss duerch d‘Bascht maachen, konnt awer och kuerz drop gestallt ginn.

Béid sinn op de Police-Kommissariat bruecht ginn. Do wollt awer ee vun den zwee sech wieren an huet eng Beamtin liicht blesséiert. Géint de Mann gouf zousätzlech e Protokoll fir Rebellioun geschriwwen. Kuerz drop goufe béid op Uerder vum Parquet festgeholl.

Géint 20 Auer e Samschdeg gouf der Police nach en Déifstall vun enger grousser Kabeltrommel an der Rue Joseph Kieffer zu Esch-Uelzecht gemellt. Am Kader vun der Sich konnt den Täter mam Liwwerwon, mat deem e geflücht war, am Rond-point Raemerich gestoppt ginn. An der Camionnette gouf ënnert anerem déi geklaut Kabeltrommel séchergestallt.

An der Route de Luxembourg zu Rodangewar d’Police e Samschdeg den Owend op en Asaz wéinst enger kierperlecher Ausernanersetzung geruff ginn. Eng Partie Leit konnten op der Plaz ugetraff ginn, vun deenen zwee sech esou aggressiv verhalen hunn, datt d’Beamten si hu missten immobiliséieren.

Wéi sech erausgestallt huet, haten déi zwee virdru schonn e Mann attackéiert. Well d’Täter béid staark alkoholiséiert waren an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hunn, koume si no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest.

Back to Top
CIM LOGO