
Zweemol huet d'Police e Mëttwoch zu Esch missten agräifen, well Chauffeuren ze déif an d'Glas gekuckt hunn. D'Beamte waren zum Beispill um kuerz no 10 Auer op enger Tankstell am gaangen, sech ëm eng alkoholiséiert Persoun ze këmmeren, wéi een Auto laanscht gefuer ass, aus deem Persoune gejaut hunn. D'Patrull huet doropshin dee Won gestoppt. Wéi sech erausgestallt huet, war de Chauffeur staark alkoholiséiert. De Permis war op der Plaz fort.
Um 1 Auer an der Nuecht dann ass een Automobilist am Zick-Zack op der Lëtzebuerger Strooss zu Esch ënnerwee gewiescht. Hien huet awer de Beamten uginn, näischt gedronk ze hunn, wat net de Fall war. Och hei war de Permis direkt fort.