Messerpickerei zu GréiwemaacherZwou Persoune blesséiert, Täter festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 14.30 Auer gouf d'Police wéinst enger Messerpickerei mat zwee Blesséierten an e Bistro an d'Grand-Rue op Gréiwemaacher geruff.

Wéi d’Police am Bulletin schreift, goufe béid Affer mat engem Messer an de Réck gepickt. En Zeien, deen d’Situatioun observéiert hat, konnt der Police och matdeelen, a wéi eng Richtung den Täter geflücht wier. No kuerzer Sich konnt de Mann och gestallt ginn. Hie gouf vun de Polizisten immobiliséiert an duerchsicht. Dobäi goufen e Messer wéi och Droge fonnt.

Déi zwee Affer goufen nach op der Plaz vun de Rettungsekippe behandelt a koumen dono an d’Spidol. Eng Persoun wier op den Toiletten an eng aner Persoun um Wee op Toilette vum Täter blesséiert ginn. Vun Zeien op der Plaz heescht et, datt d’Persoune sech net kannt hätten.

De Parquet gouf informéiert, datt den Täter 90 Gramm Marihuana an 20 Gramm Haschisch bei sech an zwou Persoune mat engem Messer blesséiert hat. Doropshi gouf decidéiert, datt de Mann verhaft sollt ginn. Hien hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO