
Géint 16 Auer krut d'Police en Dënschdeg e Fall vu Kreditkaartebedruch an der Rue de la Gare zu Leideleng gemellt. Am Laf vun enger Sichaktioun konnt eng Patrull e verdächtegt Gefier identifizéieren, dat schonn an der Vergaangenheet am Zesummenhang mat Kreditkaartebedruch opgefall war. De Chauffer gouf gestallt an am Won konnten d'Beamten en gréisser Quantitéit Boergeld sécherstellen. Spéider konnt mat Hëllef vun enger Täterbeschreiwung eng weider verdächteg Persoun gestallt ginn.
Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. D'Suen, Handyen an d'Gefier goufe saiséiert.