Mat engem “Excellent” um Diplom stinn d’Diere fir d‘Noémie an d‘Anna grouss op.
Knapp 17 Joer ass d‘Anna Schwartz al. Säi Lycée huet et a sechs Joer ofgeschloss. Ee Joer Spillschoul an d‘4ième huet et iwwersprongen. Mathé a Physik war scho fréi déi grouss Léift. De Choix fir op eng B-Sektioun dofir schonn op 5ième decidéiert. D‘Zukunft ass villverspriechend. E bësse melancholesch wéist d‘Schülerin sech awer: “Ech hëllefe fir Diplomiwwerreechung a schreiwen nach meng Ried. Ech sinn nach dacks genuch hei, esou datt et sech nach ëmmer ewéi meng Schoul ufillt. Ech hunn nach ëmmer d‘Gefill ech géif am September zeréckkommen.”
Net just fir d‘Exame preparéieren, ma direkt vu September un duerchstarten - dat war Devise an dat huet sech bezuelt gemaach, esou d‘Anna: “Ech hunn zanter dem éischte Schouldag gesot, datt ech wéilt de beschten Examen hunn. Dat war awer just ënner Kolleegen. Dat hunn ech net bei jidderengem haart ausgeschwat. Ech wollt och, datt d‘Proffen do neutral bleiwen. Dat war awer a mengem Hannerkapp ëmmer dat klengt verreckt Zil.”
Mat enger Moyenne vun 59 kennt dee beschte Classique-Schüler vum Land dann och fir déi éischte Kéier aus dem Lycée Aline Mayrisch. Kal Féiss gouf et just kuerz virum Physik-Examen. Ma kee Grond fir Panik – well eng Datz awer gouf et bis ewell jo nach keng am Lycée.
“Ech hunn effektiv keng Datz am Lycée geschriwwen. Ech hat op 5ième, wou ee wärend Corona e puer Prüfungen ewechloosse konnt, e puer eidel Blieder ofginn. Ech konnt mer et erlaben an hunn dat einfach witzeg fonnt. Virun allem an der Mathé. Och am Däitschen hat ech menger Däitschproff aplaz vun enger Analyse vun engem Gedicht einfach en anert Gedicht dohinner geschriwwen.”
Ier et fir d‘Rentrée op Berlin fir e Mathé-, Physik- an Informatik-Studium geet, gëtt dëse Summer nach an der Nationalbibliothéik geschafft. E kuerze Physik-Stage op der Uni Lëtzebuerg ass och nach programméiert.
Op den Ament fir d‘Féiss héich ze leeën, muss och d‘Noémie Figueiras nach e bësse waarden. Hatt ass mat 19 déi bescht Schülerin am General. Seng Moyenne gëtt et réischt e Samschdeg bei senger Diplomiwwerreechung gewuer. D‘nächst Woch stinn awer schonn déi nächst Exame virun der Dier – e weidere Grond fir Nervositéit, esou d‘Noémie: “Ech krazen ëmmer mat menge Fangerneel un der Haut ronderëm wann ech nervös sinn. Et gesäit een et e bëssen un de Neel. Mee ech brauch dat wann ech nervös sinn.”
An e puer Deeg geet et fir d‘Schülerin vun Dikrech an eng ganz aner Direktioun. Bis ewell war d‘Noémie op enger Commerce-Klass am Lycée Technique d’Ettelbruck.
“Ech hu mech fir de “Bachelor en Sciences de l‘Éducation“ op der Uni.lu ugemellt. Hei muss de en Test maachen, fir ugeholl ze ginn. Dee maachen ech d‘nächst Woch. Mathé, Sciencen an d‘Sprooche gi getest. Da kréien ech Enn Juli e Resultat a kucken, wéi et weidergeet.”
Ganz esou locker war et fir d‘Schülerin mam “Excellent” déi lescht Joren awer net. Ewéi bei villen hunn d‘Pandemie-Jore och bei der Nummer 1 vum Land hir Spueren hannerlooss: “Ech hunn op 4ième gemierkt, datt ech mam Homeschooling e bësse liddereg gi sinn. Dat huet mer och 3ième och e bësse Problemer gemaach. Ech war net méi richteg am “leieren” dran. Op 3ième ass et du mat den A a B Gruppe viru gaangen. Een Dag an der Schoul, een Dag Doheem: du haass kee richtege Rhythmus. Op 2ième hunn ech mech du wierklech nach eng Kéier rappe missen.”
Eppes ass déi lescht Joren awer kloer hänke bliwwen: wann een eppes wëll – da muss een och eppes dofir maachen.