
© AFP
Net am Mäerz, mee réischt am September sollen déi dräi Astronaute vun der ISS op d'Äerd zeréckkommen. Et géing keng Gefor fir hir Gesondheet bestoen.
Déi russesch Raumfaartagence Roskosmos huet matgedeelt, datt déi dräi Astronauten, déi aktuell op der internationaler Raumstatioun festsëtzen, réischt am September an net wéi ufanks geplangt am Mäerz op d'Äerd zeréckkomme sollen. Bei de Raumfuerer handelt et sech ëm een US-Amerikaner an zwee Russen.
Si sinn zanter September op der ISS a sollten am Fong nächste Mount zeréckkommen, ma well et zanter Dezember ee Problem am Killsystem gëtt, solle si länger bleiwen. D'Sojuskapsel MS-23 wäert awer schonn e Freideg vum kasachesche Baikonur aus a Richtung ISS starten. Déi dräi Astronauten hätten d'Verlängerung vun hirer Missioun positiv opgeholl, et géing och keng Gefor fir hir Gesondheet bestoen, esou Roskosmos.