D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertVun Hobby Horsing bis bei den ESC: Eng Rees duerch d’KannaNiuss-Woch

RTL Lëtzebuerg
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
© RTL-Grafik

Den Noriichteniwwerbléck an eise KannaNiuss dës Woch ass nawell sportlech. Mir kucken op de Weltrekord am Marathon zeréck. Zu London gouf de Marathon jo fir d’éischte Kéier ënner zwou Stonne gelaf. Fir dat hinzekréien, muss een de ganzen Zäite richteg schnell lafen. Also do ass et net fir mol nozeloossen. A wéi séier dat wierklech ass a wéi sech dat ufillt, dat hunn de Luc an den Charlie vun RTL um Lafband probéiert. Op eisem Instagram fënnt een iwweregens och de ganze Selbsttest.

Mir hunn an de KannaNiuuss dann och eng méi aussergewéinlech Sportaart mat dobäi, nämlech Hobby Horsing. De leschte Weekend war an Däitschland d’Meeschterschaft. Mir erklären de Kanner wat dat fir e Sport ass a wéi en entstanen ass.

Aner Theme sinn den Hantavirus an d'Campagne vum Transportministère fir méi Respekt am ëffentlechen Transport. Zum Beispill soll een net haart Videoë lauschteren, well dat jo déi aner Leit stéiert.

An am Reportage duerno dréint sech alles ëm d’Eva Marija an hir Preparatioune fir de Eurovision Song Contest. Deen ass jo elo déi nächst Woch, an do huet d’Eva sech an de leschte Woche scho vill preparéiert: Nieft Pre-Partien zu Oslo, Amsterdam, a London war si och hei am Land vill ënnerwee. Am Tram huet si gesongen, an huet och beim Bayota Festival zu Bartreng matgemaach. An och an der Rockhal gouf hiren Optrëtt bis an dat klengst Detail trainéiert, ier et dunn op Wien goung. Do huet si nach déi lescht Prouwen op der grousser Bün, ier si an der zweeter Halleffinall de 14. Mee optrëtt.

KannaNiuuss vum 10. Mee 2026
Vun Hobby Horsing bis bei den ESC: Eng Rees duerch d’KannaNiuss-Woch.

Back to Top
CIM LOGO