Viru 40 Joer gouf d'Lëtzebuerger Vollek mam Karlspräis ausgezeechent, fir de virbildlechem Asaz fir e vereent Europa. Wéi et deemools bei der Iwwerreechung geheescht huet, géingen d'Lëtzebuerger zu den iwwerzeegtsten Europäer zielen, wat sech zumools an de wichtege Beiträg vun eenzele Politiker reflektéiert hätt.
Den internationale Karlspräis ass eng prestigiéis europäesch Auszeechnung, déi zënter 1950 all Joer an der däitscher Stad Oochen vergi gëtt. De Präis ass nom Keeser Karl dem Groussen benannt, deen als Symbolfigur fir d'europäesch Eenheet gëllt.
Mam Karlspräis ginn eenzel Persounen oder Institutiounen ausgezeechent, déi sech op eng besonnesch Aart a Weis fir d'europäesch Integratioun, d'Zesummenaarbecht tëscht de Staaten an d'Verdeedegung vun europäesche Wäerter agesat hunn.
Zu de bekannte Laureaten aus der Vergaangenheet gehéieren ënner anerem déi fréier däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel, den aktuelle franséische President Emmanuel Macron an och d'Europäesch Kommissioun.

De Gewënner vun der Editioun 2026 steet iwwerdeems och scho fest. Dëst Joer geet de Präis un de Professor Mario Draghi, fréieren italieenesche Ministerpresident a fréiere President vun der Europäescher Zentralbank, dee fir säi wirtschaftlechen Asaz fir Europa geéiert gëtt.