
Zu Berlin erënnert eng Strooss un de fréiere Bundeskanzler Helmut Kohl. An engem offiziellen Akt ass déi fréier "Hofjägerallee" offiziell an "Helmut-Kohl-Allee" ëmbenannt ginn. D'Strooss am Staddeel Tiergarten féiert vu Süden erfort op d'Siegessäule duer. De Senat vun der däitscher Haaptstad hat Enn September 2025 déi Ëmbenennung beschloss a wierdegt domat fir de 35. Joresdaag vun der Däitscher Eenheet dem Kohl seng historesch Leeschtungen.
Europa, Däitschland a Berlin hätten dem fréieren CDU-Politiker vill ze verdanken, sou de Buergermeeschter vu Berlin Kai Wegener bei der Aweiung. Hie wier frou, datt de "Kanzler der Einheit" mat enger grousser Allee géing gewierdegt ginn, et wier eng grouss Strooss fir e grousse Mann.
Den Helmut Kohl war tëscht 1982 an 1998 däitsche Bundeskanzler. A seng Amtszäit waren de Fall vun der Berliner Mauer an déi sougenannt "Wiedervereinigung" tëscht Ost a West gefall. De 16. Juni 2017 war hien am Alter vu 87 Joer gestuerwen. A verschiddenen däitsche Stied an Uertschafte si scho Stroossen oder Plazen no him benannt ginn. An e puer Fäll sinn esou Éierungen awer och net zustane komm.