
© Shutterstock
Tëscht 2019 an 2021 ginn 729 Täter vermësst oder si goufen zur Sich ausgeschriwwen, esou de brittesche Sender, dee sech op Date vun der Police berifft.
Der Politikerin Sarah Champion, déi fir d'Labour-Partei an der Oppositioun sëtzt, no hätten déi betraffe Männer a Frae ganz legal hiren Numm geännert an doduerch wiere si dann elo net méi ënnert hiren alen Daten erëmzefannen.
Dowéinst wëll dat brittescht Ënnerhaus en Donneschdeg iwwert e Gesetz beroden, wat et verurteelte Sexualstroftäter verbitt, fir hiren Numm ze änneren. "Den aktuelle System vun der Benoriichtege funktionéiert wuel net", sot d'Champion. Hir no wier déi héich Unzuel vu Verstéiss a vu Verschwanne vu Stroftäter e "Skandal, vun deem de Public awer näischt weess".
Déi aktuell Gesetzer wieren ze lax, well et hei bei den Täter géif leien, fir Verännerunge matzedeelen. E grousse Kritikpunkt vun der brittescher Oppositioun ass dann och, datt déi verurteelt Sexualstroftäter mat den neie Pabeieren eng Aarbecht bei Kanner kéinte kréien. D'Sarah Champion vertrëtt den nordenglesche Walkrees Rotherham, wou tëscht 1997 an 2013 op d'mannst 1.400 Kanner sexuell mëssbraucht goufen.