Den 8. Mäerz 2014 war de Vol MH370 vu Malaysian Airlines vun de Radare verschwonnen. Nach ëmmer bleiwe vill Froen ongekläert.

Netflix huet virun e puer Deeg en Documentaire doriwwer verëffentlecht. An do ass ee klenge Feeler am Montage geschitt. An enger Zeene gesäit een "Beijing China" stoen, am Hannergrond sti Luxair-Maschinnen. A wann een e bësse méi genee kuckt, erkennt een, datt et e Bild vum Lëtzebuerger Flughafen ass.

Kuckt hei den Trailer

D'Maschinn MH370 war am Mäerz 2014 um Wee vu Kuala Lumpur op Peking aus ongekläerte Grënn verschwonnen. U Bord waren 239 Mënschen. Verschidden Enquêteure ginn dervunner aus, datt d'Reschter vum Fliger ni wäerte fonnt ginn.