Macron fir Ausdoe vu "Luxusauer" wärend Interview kritiséiert

De franséische President huet wärend engem Tëlee-Interview seng Auer ausgedoen, well dës hie gestéiert huet. Elo gëtt hie fir seng "Luxusauer" kritiséiert.
Datt den Emmanuel Macron an der Kritik fir seng Politik steet ass näischt Neies, elo geet et awer ëm seng Auer. Wärend dem Tëlee-Interview op TF1 a France2 huet d'Auer hie gestéiert, wéi hien domat widder den Dësch komm ass. Doropshin hëlt de franséische President seng Hänn ënnert den Dësch an deet, wéi et schéngt, seng Auer aus. Wéi d'Hänn nees ze gesi sinn, huet hie keng Auer méi un.
Dausende Mënschen, och international, hunn den Interview e Mëttwoch op der Tëlee suivéiert an de Gest suergt fir vill Kritik - och seng politesch Géigner kommentéieren de Virfall. D'Deputéiert vun der oppositioneller Partei La France Insoumise, d'Clémence Guetté, nennt den Emmanuel Macron op Twitter "e Witz" a kritiséiert hie fir seng Kafkraaft a seng "schéi Luxusauer".
An de sozialen Netzwierker gëtt iwwerdeems doriwwer diskutéiert, wéi deier d'Auer war. Verschidde User schwätze vun engem Präis vun 80.000 Euro. Déi franséisch Zeitung "L'Independen" widderleet dëst allerdéngs: "Am Géigesaz zu deem, wat an de sozialen Netzwierker behaapt gëtt, kascht dës Auer offensichtlech net 80.000 Euro. De Präis ass ëffentlech a Bell & Ross ass e Produzent, dee Partnerschafte mat vill Institutiounen huet, dorënner d'Arméi an de GSPR (Persouneschutz vum President)." Op der Auer ass zwar nach Presidentewopen drop, ma vergläichbar Modeller ouni perséinlech Gravure solle ronn 2.400 Euro kaschten.