
De Problem: d’Muffins op Basis vun Haschisch-Botter goufen an enger Schoul verdeelt. Net vun der eelerer Fra, ma gebak hat déi kleng Kuchen en Teenager. Ongewollt wéi et schéngt.
Viru Geriicht huet d’Pam Annette Bickerton de Virfall zudéifst bedauert. Si huet sech awer och schëlleg bekannt, eng Substanz, déi ënner d’Betäubungsmëttelgesetz fält, u Kanner weiderginn ze hunn. Si huet awer och ausgesot, de Botter mat Cannabis fir sech selwer hierzestellen wéinst Schlofproblemer.
Enges Daags gouf si vum Teenager, deem seng Identitéit net bekannt ass, wakereg gemaach a gefrot, ob hie mat deem Botter kéint Muffins bake fir d’Schoul. Nach hallef am Schlof huet d’Pensionärin gesot: “Maach roueg - awer raum dono wgl nees alles op a maach propper.”
Den Teenager huet dunn och gebak an d’Haschisch-Muffins mat a seng Schoul geholl.