Vun e Mëttwoch u wäerten zu Braunau am Inn op der Adress "Salzburger Vorstadt, 15" d'Policestatioun an de Bezirkspolizeikommando ze fanne sinn. Genee an deem Haus war am Abrëll 1889 den Adolf Hitler op d'Welt komm. Seng Elteren haten do gelount a ware puer Méint no der Gebuert vun do fort geplënnert.
D'Gebai kuckt op eng wiesselhaft Geschicht zréck. Nom sougenannten "Anschluss" vun Éisträich un dat Däitscht Räich hat d'NSDAP 1938 dem Hitler säi Gebuertshaus kaaft an doran en ideologesch gepräägte Kulturzenter ageriicht. Nom Krich war d'Gebai un de fréiere Besëtzer zréckgaangen. De Staat war dono zum Locataire ginn an hat am Haus, nieft enger Bibliothéik an enger Schoul, en Atelier fir Mënsche mat Behënnerung dra gefouert.
Zanter 2011 hat d'Haus eidel gestanen. Virun 10 Joer hat d'Republik Éisträich dunn decidéiert, dass d'Gebailechkeet aus privatem a staatleche Besëtz iwwergeet, fir ze verhënneren, datt Neonazien dohi pilgeren. Zil war eng sougenannten "Neutraliséierung" vun der ganzer Uertschaft Braunau.