Spuenien ass WeltmeeschterBal 3.000 Leit feieren um Glacis

Tim Hensgen
D'Finall vun der Futtball-Weltmeeschterschaft huet och zu Lëtzebuerg vill Leit interesséiert.

Et war fullhouse. Virun allem awer duerch déi spuenesch Fans, déi um Public Viewing um Lampertsbierg waren. Nëmme ganz wéineg Supporter koumen aus Argentinien. An d'Zuelen hu fir sech geschwat. 3.000 Leit hu sech dës Dramfinall um Glacis net entgoe gelooss. 

WM-Public viewing um Glacis
Bal 3.000 Leit feieren de Weltmeeschter Spuenien.

D'Affiche war impressionant: Den Europameeschter Spuenien géint den Titelverdeedeger a Südamerikameeschter Argentinien. Eigentlech hunn d'Iberer ganz taktesch gespillt an als Ekipp bei dësem Tournoi nëmmen e Gol zougelooss. D'Argentinier hunn dee méi emotionale Futtball gespillt an virun allem offensiv iwwerzeegt. An der Finall awer waren d'Rolle vertosch.

D'Südamerikaner mat hirem Superstar Lionel Messi haten net wierklech eng Chance am ganze Match. Spunien huet dominéiert an huet sech spéit duerch Ferran Torres an der 106. Minutte belount: Mat engem Gol an och mam Titel.

Domadder sinn d'Südeuropäer nei Helden am Futtball an all Spiller ass 7,55 Milliounen Euro brutto méi räich. Mä dat war wärend der Partie keen Thema. Den neie Weltmeeschter, genee ewéi och d'Fans um Glacis, wollten einfach nëmme feieren.

Public Viewing och zu Bartreng


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO