UNO rechent mat Retour vum Wiederphenomen El Niño

© AFP Archivbild
D'Weltorganisatioun fir Meteorologie huet e Mëttwoch erkläert, dass d'Warscheinlechkeet fir d'Optriede vum El Niño bis Enn Juli bei 60% läit.
Bis Enn September soll d'Warscheinlechkeet der WMO no souguer bei 80% leien. "Dat wäert d'Wieder- a Klimamuster weltwäit veränneren", sou de Chef vum WMO-Service fir regional Klimaprevisioun Wilfran Moufouma Okia viru Journalisten zu Genf.
Den El Niño ass e Wiederphenomen, deen all zwee bis siwe Joer optrëtt an déi global Temperaturen zousätzlech erhéije kann. De Phenomen zeechent sech duerch eng Erwiermung vum Uewerflächewaasser am Pazifeschen Ozean aus. Dacks féiert en zu staarken Dréchenten an Australien, Indonesien an Deeler vu Südostasien, wärend en an e puer Regioune vun Afrika, a Südamerika, am Süde vun den USA an an Zentralasien fir staark Nidderschléi suergt.
El Niño war zulescht an de Joren 2018 an 2019 opgetrueden. Vun 2020 un huet säi Pendant La Niña ongewéinlech laang dat weltwäit Wieder bestëmmt. Direkt dräi La-Niña-Joer hannerteneen hu fir eng ofkillend Wierkung gesuergt an hunn, temporär awer just, eng weltwäit Temperaturhausse gebremst, sou de WMO-Chef Petteri Taalas. Elo misst d'Welt sech op den El Niño preparéieren. De Phenomen wäert héchstwarscheinlech fir eng Hausse vun de globalen Temperature féieren an d'Warscheinlechkeet vun neien Hëtztrekorder erhéijen.
Den Ament kéint ee weder Intensitéit, nach Dauer vum Wiederphenomen El Niño viraussoen. Dee leschten huet als schwaach gegëllt. Ma dee vun 2014 bis 2016 war ee vun de bis ewell stäerksten an hat katastrophal Suitten.
Der WMO no war 2016 dee wäermsten El Niño zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen, well et an deem Joer en "duebele Coup" wéinst engem staarken El-Niño-Effekt gouf mat der vu Mënsche verursaachter Äerderwiermung. Well sech El Niño normalerweis eréischt ee Joer no sengem Ufank op déi global Temperaturen auswierkt, gëtt 2024 mat enger däitlecher Temperaturhausse gerechent. Am Ganzen erwaart d'WMO an den nächsten zwee Joer engem "eminent Hausse vun de globalen Temperaturen, sou nach den Okia.
De Wiederphenomen kéint awer och e puer positiv Auswierkungen hunn, zum Beispill manner Dréchent an Deeler vun Afrika. E kéint awer och méi "extrem Wieder- a Klimaeffekter ausléisen". Wierksam Fréiwarnsystemer wieren dohier noutwenneg.