An traditioneller ZeremonieBuergermeeschter vu mexikaneschem Duerf bestuet e Krokodil

RTL Lëtzebuerg
De Pedro Sosa ass Buergermeeschter vu San Pedro Huamelula, engem mexikaneschen Duerf, dat vu Membere vum indigeene Chontal-Vollek bewunnt ass.
© RUSVEL RASGADO AFP

E Sonndeg huet hien an enger traditioneller Zeremonie e weibleche Kaiman mam Numm Alicia Adriana bestuet. Wéi de Sosa sot, géif hien d’Responsabilitéit vum Marriage mam Déier agoen, well si sech gär hätten. Duerno huet hien de Kaiman op de Kapp gekusst.

Domadder ass hien enger Traditioun nokomm, déi et a sengem Duerf schonn zanter ronn 230 Joer gëtt. Mat dësem rituelle Mariage gëtt un de Friddenschloss vun de Chontal mam Vollek vun den Huave erënnert. Dëse war duerch de Mariage vun engem Chonal-Prënz mat enger Huave-Prinzessin zustane komm. Dës gëtt elo an enger Zeremonie vun engem Kaimanweibche verkierpert.

D’Zeremonie soll béid Vëlker mat der Äerd verbannen a fir gutt Recolte suergen.

Back to Top
CIM LOGO