
Dat huet d’Gedenkplaz zu Caen e Méindeg bekannt ginn. De Léon Gautier war nach am Juni am Kader vum 79. sougenannten D-Day mam franséische President Emmanuel Macron zesummekomm.
De Gautier huet zu den 177 Zaldote vum franséische Kommando Kieffer gezielt, deen zesumme mat de britteschen Zaldoten de 6. Juni 1944 an der Normandie ukomm ass. Hien huet bis zulescht an der Géigend vun de Stränn zu Ouistreham gelieft.
Do hat de Léon Gautier sech mat engem däitsche Veteran ugefrënnt, deen als Parachutiste bei de Kämpf bedeelegt war. Béid Männer waren zesummen am Kader vum 70. Joresdag vun der Landung vun den Alliéierten dobäi.
“Déi Däitsch hunn dem Hitler wéi Schof gefollegt, dat kann eis genee sou gutt passéieren”, sou de Léon Gautier emol an engem Interview. “Mir dierfen de Fridden net verléieren”, huet hien ëmmer nees betount.