"Als Politiker leiert een déi einfach Plate schätzen"
An deenen nächste Woche kache mir all Méindeg a Mëttwoch eng Pasta mat eise Politiker a Politikerinnen.
An engem labbere Gespréich léiere mir dës Woch de Sven Clement bei him Doheem an der Kiche besser kennen. Fir eis Kachemissioun huet sech de Pirat e sougenannten Hangover-Plat ausgesicht. Tagliatelle mat Ramzooss – dës Nuddelen huet hie schonn als Student ëmmer gäre gekacht. Mir kruten awer eng méi raffinéiert Versioun dovunner zerwéiert.
Am Gespréich mam Fabienne Zwally geet de Politiker dann awer drop an, wéi seng Funktioun als Deputéierte säi Liewe verännert huet. Et sinn elo 5 Joer, datt de Sven Clement an d’Chamber gewielt ginn ass an als jonke Papp ass et net ëmmer einfach, d'Politik an d'Privatliewe mateneen ze verbannen. Et kënnt dofir och mol vir, datt dat klengt Mia mat an d’Chamber kënnt.
Déi lescht Méint ware stresseg, et war ee vill ënnerwee an natierlech gëtt een och vill invitéiert. Am Interview geet de Sven Clement och drop an, wisou hien decidéiert huet, eng Zäit op Alkohol ze verzichten, a wat hie mécht, fir sech fit ze halen. Ob dem Politiker seng Missioun als Kach geléngt, gesitt Dir an eiser éischter Episod vu Politik & Pasta.