Siwe verschidde Spëtzekandidaten erlaben eis en Abléck an hir Kichen a preparéieren hire Liblingsnuddelsplat.

E Mëttwoch sti mir dofir beim Luc Frieden vun der CSV an der Kichen a kache mat him eng Spaghetti Bolognese. De fréiere Minister seet vu sech selwer, dass hien net dee ganz grousse Kach wier an am léifsten einfach Platen huet. Mir schwätzen awer net nëmmen iwwert seng Iessgewunnechten, mee diskutéieren och mat him, wéi et ass, sech nees an der Politik ze engagéieren, wat Walkampf hautdesdaags bedeit, mee och ob hien haut nach ëmmer nervös ass viru gréissere Rieden a wie bei hinnen doheem d'Chefplaz huet.