
De bayresche Ministerpresident Markus Söder vun der CSU krut déi éischt Mass Béier. Dëst Joer gëtt mat sechs Millioune Visiteure gerechent. Dat gréisst Volleksfest vun der Welt dauert bis den 3. Oktober.
Zanter Jore ginn d’Präisser fir Iessen an Drénken an d’Luucht. Ee Liter Béier kascht entretemps tëscht 12,60 Euro a 14,90 Euro - jee no Zelt. Dat si méi ewéi sechs Prozent méi ewéi zejoert.