
En Donneschdeg de Moie koum de Popstar Britney Spears net op fräie Fouss, nodeem d’Sängerin festgeholl gi war, well de Verdacht bestanen huet, datt si ënner Afloss vun Alkohol mam Auto gefuer ass. E Mëttwoch den Owend war déi 44 Joer al Sängerin an der Géigend Los Angeles festgeholl ginn an huet d’Nuecht an enger Zell vum Ventura County Sheriff verbruecht. De Sheriff huet dann och matgedeelt, datt déi fréier Superstar um 6:07 Auer Lokalzäit nees op fräie Fouss koum, sech awer de 4. Mee wéinst dëser Affär viru Geriicht veräntwere muss.
“Et war en onglécklechen Tëschefall, deen awer net z’entschëllegen ass. D’Britney wäert dat Richtegt maachen a mat der Justiz zesummeschaffen”, esou e Vertrieder vun der Sängerin géintiwwer dem Medieblat “Outlet”. “Hoffentlech ass et en éischte Schratt fir e Changement am Britney sengem Liewen, dee laang iwwerfälleg ass”.
No hirem phenomenale musikalesche Succès an de spéiden 1990er, koum et zu hirem ëffentleche Breakdown am Joer 2007. Dono gouf si jo ënner d’Tutelle vun hirem Papp Jamie Spears gestallt, deen hir Suen an hiert d’Liewe kontrolléiert huet. Dat esouguer nach zu Momenter, wou si nees ausverkaafte Concerte gespillt huet. Dës Tutelle gouf 2021 vun engem Geriicht opgehuewen. An hire Memoiren, déi 2023 erauskommen, huet d’Spears geschriwwen, datt si an hirem liewen ni haart Drogen geholl huet an datt si och keen Alkoholproblem hätt. Si huet awer zouginn, datt si e Medikament géint ADHS géif huelen.