Typesch LëtzebuergEe Projet wëll Lëtzebuerger Bräich erhalen

Lea Schwartz
Schueberfouer, Gromperekichelchen, Klibberen: Alles Saachen, wou ee géif soen: Typesch Lëtzebuergesch. Déi fléissen dann an de Projet "Kultur-Mosaik Lëtzebuerg".
© RTL
Ee Projet wëll Lëtzebuerger Bräich erhalen
Schueberfouer, Gromperekichelchen, Klibberen: Alles Saachen, wou ee géif soen: Typesch Lëtzebuergesch. Dat fléisst an de Projet “Kultur-Mosaik Lëtzebuerg”.

Wärend déi eng Traditiounen a Bräich nach héichgehale ginn a vun deenen nächste Generatioune weidergelieft ginn, geroden anerer a Vergiessenheet. Dat sollt net geschéien, op d’mannst wann et dem Projet “Kultur-Mosaik Lëtzebuerg” nogeet.

Aktuell ass een an der éischter Phas, an där Lëtzebuerger interviewt ginn, fir méi iwwert al Bräich an Traditioune gewuer ze ginn.

“De Projet ass et Lëtzebuerger Geschichten an Traditiounen ze erhalen a weider ze ginn. An virun allem Traditiounen, déi manner bekannt oder net opgeschriwwe sinn.”, erkläert d’Taguhi Kharatyan vun der “Association Luxembourgeoise pour le Dialogue Interculturel”

© RTL

D’Taguhi Kharatyan ass d’Responsabel vum Projet a kënnt ursprénglech aus Armenien. Si ass mat engem Lëtzebuerger bestuet an interesséiert sech besonnesch fir all déi kleng Bräich aus dem Grand-Duché. Si fënnt et wichteg, all déi Geschichten ze sammele fir déi jonk Generatiounen, awer och fir Leit, déi op Lëtzebuerg wunne kommen: “Mir hunn schonn puer Interviewe gemaach. Hei hunn ech puer Beispiller opgeschriwwen. Et ass eng ganz interessant Traditioun, wann ee jonke Brudder virun sengem méi ale Brudder bestuet gëtt, da krut den eelere Brudder eng Geess op der Hochzäit.”

De Projet gëtt finanziell ënnerstëtzt vun der Divisioun fir d’interkulturellt Zesummeliewe vum Familjeministère. Et war ee vun e puer Projeten, déi zréckbehale goufen.

Ee wichtege Volet ass och den intergenerationellen Aspekt. Et si Jonker, déi d’Froen u méi al Lëtzebuerger stellen. Si sollen domadder selwer eppes iwwer vläicht scho laang vergiesse Bräich léieren. D’Interviewe ginn op verschiddene Plazen uechter Lëtzebuerg gefouert. Well verschidden Traditioune sinn och just ganz lokal bekannt.

Nach bis Abrëll ginn d’Interviewen, woubäi virun allem nach Jonker gesicht ginn, déi matmaachen. D’Kontakter entstinn am Moment an Zesummenaarbecht mat lokalen a regionalen Associatiounen. Um Enn vun deenen zwee Joer soll ee Buch an ee Kaartespill entstoen.

Back to Top
CIM LOGO