"Politik a Pasta" - Episod 7 mat der Paulette Lenert"Ech sinn, wann ech mech op eppes erageschafft hunn, relativ haartnäckeg"

Loïc Juchem
Siwe verschidde Spëtzekandidaten erlaben eis en Abléck an hir Kichen a preparéieren hire Liblingsnuddelsplat.
"Ech sinn, wann ech mech op eppes erageschafft hunn, relativ haartnäckeg"
Siwe verschidde Spëtzekandidaten erlaben eis en Abléck an hir Kichen a preparéieren hire Liblingsnuddelsplat.

Dem Paulette Lenert hiert Liewen huet duerch d’Covid-19 Pandemie immens changéiert. Vun engem Dag op deen aneren huet si misste Krisemanagerin ginn a gouf doduerch national immens bekannt. An eisem Format Politik a Pasta schwätze mir mat der nationaler Spëtzekandidatin vun der LSAP a léiere si och mol ganz privat kennen. D’Politikerin kacht ganz gären, mee aktuell huet e manner Zäit an et geet ee vrun allem vill an de Restaurant. Gekacht gëtt iwwregens e Plat, deen der Gesondheetsministesch immens schmaacht: Penne Carbonara Courgette.

Op d’Fro, wisou si déi richteg Premierministesch ass, äntwert d’Politikerin dem Loïc Juchem, datt si e Mënsch ass, dee gären nolauschtert, an der Ekipp schafft an och ëmmer Kompromësser sicht. Als immens haartnäckeg beschreift si sech. Et sinn hir éischt Walen, déi si als Kandidatin matmécht, a si wier awer schonn immens opgereegt. Et wier ongewinnt iwwerall déi vill Plakater vu sech selwer ze gesinn, mee si géing sech elo awer net geckeg maachen.

Kuckt all d’Episode vu “Politik a Pasta” op RTL Play

Back to Top
CIM LOGO