E Geriicht zu New York huet d'Produktiounsfirma vum Oscar-Gewënner Robert De Niro wéinst Geschlechterdiskriminéierung verurteelt.

De Jury ass zur Conclusioun komm, datt d'Agence vum 80 Joer ale Schauspiller haftbar ass an 1,3 Milliounen US-Dollar (ronn 1,2 Milliounen Euro) un eng Fra bezuele muss, dat mellen US-Medien.

Am Prozess hat eng fréier Mataarbechterin ënnert anerem geklot, den De Niro hätt hir "stereotypesch weiblech" Aufgabe wéi d'Wäsche vu senger Bettwäsch an aner Aarbechten am Stot ginn, wärend si an enger anerer Positioun geschafft hätt.

Den De Niro soll der Fra no och Kierperkontakt erzwongen a "sexuell opgelueden" Bemierkunge gemaach hunn.

Den US-Schauspiller war beim Urteel net mat dobäi, hien hat am Ufank vum Prozess d'Uschëllegunge vu senger fréierer Assistentin als "Onsënn" bezeechent.