En Dënschdeg ass a Frankräich de sougenannte "bonus réparation textile" a Kraaft getrueden.

Dësen ass Deel vum Gesetz iwwert déi zirkulär Ekonomie.

Franséisch Residenten, déi elo an eisem Nopeschland al Kleeder oder Schong flécke loossen, amplaz dëse ewechzegeheie kréien en Deel vun de Käschte vun der Reparatur vum Staat zeréck. D'Sue ginn einfach vun der Rechnung vum Schneider oder Schouster ofgezunn an dëse kritt d'Differenz da vum Staat zeréckbezuelt.

Allerdéngs muss d'Reparatur op d'mannst 60 Euro kaschten an de Bonus dierf net méi ewéi 60 Prozent vun de Käschten ausmaachen. Ausserdeem si verschidde Kleedungsstécker wéi zum Beispill Ënnerwäsch a Kleeder aus Lieder oder Pelz vum Bonus ausgeschloss.

Mam Bonus wëll déi franséisch Regierung géint den Textil-Offall virgoen. An eisem Nopeschland ginn an der Moyenne pro Joer 700.000 Tonnen u Kleeder ewechgeheit.