Justizbeamten hu gefälschte Poschen, Schong a Gezei an aner Fake-Luxusproduite séchergestallt an dat an engem Rekordwäert.

Déi ronn 220.000 gefälschte Stécker hunn e Wäert vun 1,03 Milliarden Dollar - ëmgerechent 950 Milliounen Euro. Et ass déi bis ewell gréissten Decouverte an der US-Geschicht, sou de Procureur e Mëttwoch den Owend.

D'Ermëttler hunn och Biller verëffentlecht, vu Lageren am Quartier Manhattan mat sëllege Këschte mat Poschen, Gezei a Schong. Zwee Männer goufe festgeholl. Hinne gëtt Handel mat gefälschter Wuer tëscht Januar an Oktober virgeworf. Si riskéiere bis zu zéng Joer Prisong.

New York ass besonnesch vu Fake-Wuere betraff. Nieft Kleedungsstécker a Schong, sinn och Sportartikelen, Bijouen a Wueren aus Lieder verkaaft.

RTL