130 Joer Industriegeschicht. Do hannendru verstoppt sech de Site Esch/Schëffleng vun der fréierer ARBED.

2.600 Leit hunn hei geschafft. No der Ära vun den Héichiewe gouf hei den éischten Elektrouewen installéiert. No 2 Joer Bauzäit goung dësen 1994 a Betrib.

Esch/Schëffleng war eng Zort Laboratoire fir aner Schmelzen ewéi Déifferdeng oder Rodange. 2011 war Schluss. E Musée erënnert un déi laang Geschicht vun der Stolindustrie hei zu Lëtzebuerg. De Musée vun de Schmelzaarbechter huet 2004 seng Diere fir de Public opgemaach. Visitte sinn Dënschdes- a Samschdegnomëttes vun 2 Auer u méiglech.

Op dësem 60 Hektar groussen Areal entsteet elo e fuschneie Quartier mam Numm "Metzeschmelz".