Den 41 Joer ale Camionneur, deen an Thüringen mat sengem Gefier ënnerwee war, kann ee bal als Held bezeechnen.

Seng Decisioun huet Schlëmmeres am Rennsteigtunnel op der A71 verhënnert.

Matten am längste Stroossentunnel an Däitschland huet säi Camion op eemol Feier gefaangen. De Chauffer huet d'Flame séier bemierkt. E Pneu war a Brand geroden, de Mann konnt d'Flamen awer net läschen.

Hien huet decidéiert aus dem Tunnel erauszefueren, fir Schlëmmeres ze verhënneren an huet virdru souguer nach den Noutruffknäppchen an enger Pannebucht gedréckt.

Wéi d'Police spéider matgedeelt huet, ass de Chauffer ganzer sechs Kilometer mat sengem Camion, op deem sech d'Feier ëmmer méi ausgebreet huet, bis aus dem Tunnel gefuer. Knapp eraus, ass de Mann aus dem Camion gesprongen an huet sech a Sécherheet bruecht.

De Camion hat Autoe gelueden, net auszemolen, wann deen am Tunnel bliwwe wier.

Blesséiert gouf keen. D'A71 op der Héicht vum Tunnel tëscht Obershof a Gräfenroda war komplett gespaart. De Schued läit bei geschaten 250.000 Euro.