Zwar ass d'"Starship"-Rakéit bei hirem 3. Start bis an de Weltall komm, bei dem Versuch ze landen, ass d'Rakéit dunn awer nees explodéiert.

Schonns zwee Mol ass de Versuch net gegléckt. An och den 3. Testfluch vun der gréisster Rakéit, déi jeemools gebaut gouf, konnt net mat Succès ofgeschloss ginn. Wéi d'Kommentatoren am Livestream vu SpaceX erkläert hunn, huet déi onbemannt Rakéit et zwar an de Weltall gepackt, ma wéi d'Rakéit nees an d'Äerdatmosphär erakoum, gouf d'"Starship" zerstéiert.

Nëmmen e puer Stonne virum Start haten déi amerikanesch Autoritéite der Firma SpaceX den Accord fir en drëtten Test vum Elon Musk senger Rakéit Starship ginn. Geplangt war en Testfluch vu ronn enger Stonn mat Landung am Mier.

Schonn deen ënneschten Deel, dee vun der Rakéit ofgekapselt gouf, hat zwar zur Landung ugesat, hat et dann awer net gepackt. "Mir hunn déi ënnescht Rakéit verluer, do musse mir eis nach eng Kéier d'Donnéeën ukucken", heescht et vu SpaceX. Déi iewescht Rakéit hat et zwar an de Weltall gepackt, wou se eng hallef Stonn fléien, éier se lande sollt. Domat goufe beim drëtten Testfluch vun der "Starship" schonn däitlech méi Ziler erreecht, wéi bei de Versich virdrun.

SpaceX schwätzt vun engem "surrealisteschen Dag", well d'Starship e vill méi wäite Wee zeréckgeluecht hätt wéi den éischte Versich. An och de Chef vun der US-Weltraumagence NASA, de Bill Nelson, huet SpaceX gratuléiert an den Testfluch en "Erfolleg" genannt.

Bei engem Test am Abrëll 2023 war de System schonn no e puer Minutten explodéiert. Méi spéit am November hat een et nach eng Kéier probéiert, ma och hei koum et nees zu Explosiounen.

Déi 120 Meter laang Starship soll an Zukunft iwwer 100 Tonnen transportéieren an Astronauten op de Mound bréngen. SpaceX hofft enges Daags bis op de Mars ze kommen.

Obama kritiséiert de Plang, fir op de Mars ze fléien

De fréieren US-President wëll léiwer eis Äerd protegéieren, wéi iwwert e Liewen um Mars nozedenken.

Op enger Konferenz iwwer erneierbar Energien huet den Obama iwwer grouss Entreprisen aus dem Silicon Valley geschwat, déi Raumschëffer baut, fir d'Mënschen op de Mars ze bréngen.

"Esouguer no engem Atomkrich wier et nach méi einfach op der Äerd ze wunnen, wéi um Mars. Esouguer wa mir näischt géint de Klimawandel maache géingen, géing et nach Sauerstoff ginn - anescht, wéi um Mars."