En Donneschdeg ass verschiddene Leit, déi op der Maartplaz ënnerwee waren, opgefall, datt do een alen Arméiswon an Nazisymboler ze gesi waren.

Op Nofro bei der Police an och op der Gemeng huet et geheescht, datt op dëser Plaz e Film gedréint géif ginn.

D'Gemeng präziséiert, datt de Film d'Geschicht vun zwee Lëtzebuerger behandelt, déi ënnert dem Naziregimm geflücht sinn.

Ënner anerem géifen de Marc Thoma an de Marc Keimen an Zesummenaarbecht mat der ASBL "Filmengelcher" fir d'Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen dëse Film produzéieren, deen u sech scho fäerdeg gedréint ass, ma et wier nach ee wichtegen Detail vun dëser Geschicht zu Iechternach geschitt, deen um Donneschdeg wéi gesot gefilmt ginn ass.

Och zu Maacher gouf en Donneschdeg de Moie gefilmt

Änlech wéi zu Iechternach huet et en Donneschdeg de Moien och zu Gréiwemaacher ausgesinn. Wéi d'Gemeng matdeelt, gouf virum Osburg-Haus eng Zeen fir e Film gedréit, deen den 18. September an de Kino komme soll. Och hei waren Hakekräiz-Fändelen ze gesinn an et ware Männer an Nazi-Uniform ënnerwee.

"Mir sinn eis bewosst, datt dat kee schéint Bild war, et ass awer wichteg esou Geschichten ze erzielen, fir datt se net a Vergiessenheet geroden", esou d'Gemeng an enger Matdeelung an de soziale Medien.