Zanter bal 2 Joer schafft déi 24 Joer al Catherine Nijs als Co-Pilotin bei der nationaler Fluchgesellschaft. D'Léift fir d'Fléie krut si an d'Wéi geluecht.

Am Mee dëst Joer hu mir déi jonk Fra bei hirer Aarbecht begleet. Mat enger Bombardier Q400 goung et moies um 8 Auer vum Findel op Oslo, nomëttes um 14 Auer war d'Crew scho rëm aus Norwegen zeréck zu Lëtzebuerg.

"Ech hunn de Beruff an d'Wéi geluecht kritt"

Mat engem grousse Grinsen am Gesiicht begéinen ech d'Catherine Nijs um Findel. Si lieft hiren Dramberuff. Dobäi ass et fir déi 24 Joer jonk Fra méi en Hobby, wéi si seet. Hir Eltere schaffen allebéid als Piloten. D'Mamm Pia Meyer war déi éischt Pilotin bei der Luxair. Si flitt och nach haut Touristen op hir Vakanzendestinatiounen. Dem Catherine hire Papp ass iwwerdeems Pilot bei der Cargolux.

"Domadder war mäi beruffleche Wee virgezeechent", sou d'Catherine am RTL-Interview. "Mäi Brudder an ech konnte reegelméisseg eis Eltere mol am Fliger begleeden. Da konnt ech mir déi Aarbecht ëmmer nees méi genee ukucken. Ech si frou, wéi et komm ass", erzielt si hir Geschicht.

"D'Fligerei ass ee ganz anere Liewensrhythmus. Ech hunn et ni aneschters kannt. Ech kann awer net soen, datt ech meng Eltere wéinst hirem Job manner gesinn hätt ewéi aner Kanner."

RTL

D'Catherine Nijs an hir Mamm Pia Meyer / © Luxair

"Vum Architekturstudium zur Pilotin"

Am Stater Kolléisch huet d'Catherine Nijs hir Première gemaach. Duerno huet si ugefaangen, Architektur ze studéieren. Kuerz drop gouf dann d'Decisioun geholl, an d'Fluchschoul ze goen. Zu Mönchengladbach op der RWL German Flight Academy huet d'Catherine dunn hir Lizenz gemaach. Zwee Joer huet d'Formatioun gedauert. Am éischte Covid-Joer huet si hire Studium ugefaangen. "An Amerika studéiere goen, wéi ganz vill Leit dat maachen, war deen Ament net méiglech. Am Ufank ware meng Elteren der Meenung, ech géif dës Richtung nëmme wéinst hinnen aschloen."

Hir Elteren stounge beim Choix, Pilotin ze ginn, ëmmer zu 110 % hannert hir
Mat zwee Piloten als Elteren hat d'Catherine Nijs déi bescht Ënnerstëtzung, déi si sech hätt kënnen erhoffen.

14 verschidde Fächer hat d'Catherine Nijs an hirem Studium. Vu Meteorologie bis zu de Loftfaart-Gesetzer. Bei der DAC, der Direktioun vun der Ziviller Aviatioun, huet d'Catherine Nijs hir theoretesch Exame geschriwwen. Duerno stoungen nach praktesch Examen um Programm. "Englesch ass den A an den O an der Fligerei. An de Lëtzebuerger Schoule kritt een awer och e gudde Bagage heivunner mat."

"Ech hu mäin Job zu 110% gären"

Dem Catherine Nijs seng Ae glënneren, wéi si mir seet, datt si hire Beruff iwwer alles gären huet. "Nice gefält mir als Fluchhafen. An de Süde flitt een ëmmer gären. Ausserdeem ass et méi eng manuell Erausfuerderung, dëse Fluchhafen unzefléien. Iwwer d'Mier eranzekommen, dat huet schonn eppes."

D'Catherine schafft als Co-Pilotin bei der Luxair. Hiert Zil ass et spéider, Kapitänin u Bord ze ginn. Dat natierlech och op engem grousse Fliger. "Als Co-Pilotin fänkt een un. Mat de Joren an duerch d'Erfarung, déi ee gesammelt huet, kann een da spéider och Kapitän ginn."

Een Zil vum Catherine Nijs ass et och op deene grousse Fliger, Kapitän ze sinn
D'Co-Pilotin freet sech och doriwwer, wa Kanner bei de Cockpit kommen a si hir Leidenschaft mat hinne kann deelen.

"Als Kapitän hëlt een ëmmer déi leschten Decisioun"

Op engem normale Vol gëtt et keen Ënnerscheed tëscht Kapitän a Co-Pilot, sou d'Catherine Nijs am Interview. "Deen ee Wee flitt deen een dohinner. Deen anere mécht éischt Kommunikatioun mam Radar an checkt a kuckt, ob alles normal leeft. Um Wee zréck ginn d'Rollen da getosch."

A brenzelege Situatiounen ass et dann de Kapitän vum Fliger, deen déi definitiv Decisioun hëlt. Et ass och hien, deen d'Kommunikatioun tëscht Kabinn a Cockpit mécht.

Kommunikatioun mam "Dispatch" ass immens wichteg
Bei staarken Turbulenze kann et dacks schonn hëllefen, op enger anerer Héicht ze fléien oder eng aner Richtung anzeschloen.

"Fléien ass meng Passioun"

Dressurreiden - dat war dem Catherine Nijs hire Sport als Meedchen. Um Päerd reide mécht si lo nëmmen nach sporadesch. An hirer Fräizäit ass si vill mat hirem Papp ënnerwee. Akrobatescht Fléie maache béid dacks zesummen. "Do probéieren ech, souvill ewéi méiglech Experienz vu mengem Papp matzekréien", erzielt d'Pilotin.

"Ech sinn en Owes-Mënsch", verréit d'Catherine wärend dem Gespréich. "Déi ganz fréi Volle leie mir dohier net sou gutt. Et kann een awer och eng Präferenz uginn", erkläert d'Catherine weider. De Schaffplang gëtt ëmmer ee Mount am viraus verschéckt.

Vakanz mécht déi jonk Fra am léifsten am Süden. Zum Beispill, fir an Afrika Déiere kucken ze goen.

Uso fir d'Landung zu Oslo
Op normale Volle gëtt et keen Ënnerscheed tëscht Kapitän a Co-Pilot
Och d'Kommunikatioun mam Tower deele sech de Kapitän an de Co-Pilot
Op normale Volle gi sech d'Aufgaben opgedeelt. Ee vu béide flitt, deen anere mécht d'Kommunikatioun mam Radar.