An eiser Serie "Op der anerer Säit vun der Grenz" léiere mer Lëtzebuerger kennen, déi hiert Liewen an hir Aarbecht an d'Groussregioun verluecht hunn.

Fir dësen Interview sinn ech emol an eng ganz aner Richtung gefuer. Vu Lëtzebuerg aus Richtung Norden, op déi aner Säit vun der Grenz an d'Belsch. Ech hu mech mat der Danièle Stelmes bei hir op der Aarbecht getraff, e Supermarché zu Büllingen.

Am Geschäft selwer féiert mech d'Danièle Stelmes duerch de Buttek, fir datt mer e puer Fotoe fir den Artikel maache kënnen. Dobäi begéine mer hire Bouf de Jean-Luc. Hie schafft als Stagiär am Supermarché a wäert no der Summervakanz seng nei a richteg Aarbecht unhuelen: Hie gëtt Schoulmeeschter, natierlech och an der Belsch. Zu deem Ament war et nach schwéier virauszegesinn, datt hire Jong eng wichteg Roll beim Choix, fir an d'Belsch ze plënneren, gespillt huet.

An d'Belsch, fir datt de Bouf do an d'Schoul geet

Dat ergëtt sech dono aus dem Interview ëmmer méi. Mä vu vir. D'Danièle Stelmes ass selwer mat engem Belsch bestuet a si hunn och eng Zäit laang am Grand-Duché gelieft. D'Ausso vun hirem Mann war awer ëmmer: "Ech hätt scho gär, datt eist Kand eventuell an der Belsch an d'Schoul geet." D'Danièle huet sech dunn informéiert a koum zum entschloss, datt dëst méi wéi ee Virdeel hätt par rapport vun der Scolarisatioun am Grand-Duché. An esou huet d'Famill, wéi de Jean-Luc nach ganz kleng war, d'Haus am Grand-Duché verlount an ass 2004 op déi aner Säit vun der Grenz wunne gaangen.

RTL

"Et war stresseg", seet d'Danièle Stelmes am Interview. Am Ufank ass si nämlech nach ëmmer vun der neier Wunneng bis op Dikrech gefuer. "45 Minutte bis eng Stonn dohinner, an dat selwecht och nees zeréck". D'Liewensqualitéit huet doduerch däitlech gelidden. Quasi de ganzen Dag war si ënnerwee, fir Schaffen ze fueren an dann owes nach de Stot ze maachen. "Mäi Mann huet mir gehollef, mä mat engem klenge Kand doheem, muss een als Mamm verschidden Tâchen iwwerhuelen". Hiert soziaalt Liewen huet drënner gelidden, si war weder op der enger, nach op der anerer Säit wierklech encadréiert. Wéi si du mam Gedanke gespillt huet, fir spéider zeréck op Lëtzebuerg ze goen, huet si dat och si gelooss, well si hire Jong am Alter vun 12 Joer net aus sengem Ëmfeld wollt rappen. Du viru knapp 8 Joer huet alles geännert.

"Fir mäi 50. Gebuertsdag hunn ech mer selwer e Kaddo gemaach"

D'Danièle Stelmes huet nämlech decidéiert, datt si net méi all Dag vu Born bis op Dikrech fiert an nees zeréck. "Wann ech eng Aarbecht an der Belsch fannen, déi mer gefält a wou et passt, da ginn ech an d'Belsch schaffen". Laang huet dat dunn net gedauert. Séier hat d'Fra an engem Supermarché an der Géigend eng Plaz fonnt. "Ech hu mech direkt wéi doheem gefillt." D'Ekipp huet d'Lëtzebuergerin gutt opgeholl an och mat de Clientë leeft et gutt. "Ech schwätzen hei méi Lëtzebuergesch, wéi ech zu Lëtzebuerg geschwat hunn", esou d'Danièle Stelmes, déi jo elo am däitschsproochegen Deel vun der Belsch lieft. "An d'Leit schwätze mat mir hiert Platt an dat funktionéiert."

Op d'Aarbecht an nees heem brauch si elo zesumme knapp 30 Minutten, also däitlech manner, wéi nach virdrun. "Wat ech du vu Liewensqualitéit zeréckkrut, dat ka kee Mënsch sech virstellen". Et hätt een och emol Zäit fir d'Frënn an d'Noperen an et kréich ee sech däitlech méi einfach integréiert. An dat wier an der Gemeinschaft ganz wichteg.

"Hei ass ee fir deen aneren do"

RTL

Zu Lëtzebuerg, fënnt d'Danièle Stelmes, kuckt jiddereen e bëssen no sech a ganz seelen iwwert den eegenen Tellerrand eraus. "Déi Lëtzebuerger Mentalitéit eben", seet d'Fra, déi elo glécklech ass, an der Belsch ze wunnen. D'Géigend, wou si elo lieft, erënnert si e bëssen u fréier, wéi si opgewuess ass. Et kennt een d'Noperen, jidderee passt op jiddereen op an et gëtt een op Iessen, Fester oder och emol e Kuch invitéiert. "Du brauchs d'Leit jo", seet d'Danièle Stelmes. "A si brauchen dech". Hei an der Belsch wier et dofir anescht, wéi dat, wat si aus de leschte Joren aus dem Grand-Duché kennt. "Et ass e Geben und Nehmen", an zu Lëtzebuerg hätt si dacks erlieft, datt d'Leit just geholl hätten. Och den Näid an de Verglach "Wat hues du a wat hunn ech", fënnt d'Lëtzebuergerin, déi zu Munzen opgewuess ass, an der Belsch net. An der Belsch wieren d'Leit méi oppen a vill manner um Kloen. "Ech soen ëmmer 'Léiwer 1 Lëtzebuerger ënner 100 Belsch, wéi 1 Belsch ënner 100 Lëtzebuerger.' Well deen ee Belsch, deen deet mer Leed."

Si erzielt d'Geschicht vun hirer éischter Kavalkad zu St. Vith. "D'Belsch hu sou richteg gefeiert an ech hu just nogekuckt a mer geduecht: 'Wat fir e Film spillt dann hei'." Haut schunkelt a feiert si mat. "Ech hu meng Astellung komplett geännert". An och op anere Plaze schéngt dat opzefalen. "Wa mir mol an d'Vakanz ginn, sinn d'Leit e bësse verdutzt, datt ech Lëtzebuerger an net Belsch sinn". Am Gespréich bedauert si, datt si eréischt esou spéit ugefaangen huet, hire Liewensmëttelpunkt komplett an déi nei Heemecht geluecht ze hunn. "Ech bereien, datt ech dee Schratt net nach 10 Joer éischter gemaach hunn".

"Ech wäert d'Lëtzebuerger Nationalitéit nimools ofginn"

D'Danièle Stelmes ass gäre Lëtzebuergerin an och gären zu Lëtzebuerg. "Fir Groussherzogsgebuertsdag ginn ech ganz gären d'Freedefeier kucken". Begruewe wëll si dann och zu Lëtzebuerg ginn. "Zu Munzen bei meng Elteren an d'Graf. Da mécht de Krees sech zou". Verhandele léisst si domadder net mat sech, och wa si sech wéinst ganz verschiddene Problemer aktuell zu Lëtzebuerg "friem am eegene Land" spiert.

Si kritiséiert ënner anerem, datt Lëtzebuerg seng Nationalitéit "esou bëlleg verkeeft", esou datt quasi jidderee se ka kréien. Weider fënnt d'Danièle Stelmes, datt si dat Land, wou si opgewuess ass, net méi erëmerkennt. "Ech verstinn net, wéi Lëtzebuerg esou kapott ass", seet si am Interview a berifft sech dobäi ënner anerem op d'Sécherheetsgefill, dat an hiren Aen am Grand-Duché erofgaangen ass.

Ob si dann nach eng Kéier zeréck an de Grand-Duché plënnert, ass schwéier ze soen. "Vläicht wann ech och d'Pensioun hunn". Si wier zwar da méi no bei hire Geschwëster an hire Frënn, awer méi wäit ewech vum Bouf. "Dann ass et méi komplizéiert, fir deng Enkelen opwuessen ze gesinn", huet de Jean-Luc seng Mamm gewarnt. An och huet si haut vill sozial Kontakter an hirer Walheemecht, eppes, wat si sech iwwert déi lescht Joren, zanter si och an der Belsch schafft, opgebaut huet.

D'Belsch huet vill Virdeeler

RTL

D'Fra, déi aus dem Norde vum Grand-Duché kënnt, iergert sech och e bëssen iwwer d'Lëtzebuerger Politik. "Ech erkenne mäin Heemechtsland net méi erëm", seet d'Danièle Stelmes, dorobber ugeschwat, wat si géif veränneren. "Et huet een d'Gefill, datt sech am Grand-Duché de Lëtzebuerger muss upassen, wärend an der Belsch et d'Auslänner sinn, déi d'Efforte musse maachen." En nach vill méi groussen Avantage ass d'Gesondheetsversuergung, déi hei däitlech besser klappt, wéi op der anerer Säit vun der Grenz. "Mir hunn 10 Kilometer bis op Sankt-Vith an d'Klinik oder eng Véierelsstonn bis op Malmédy." Zwee Spideeler also direkt an der Géigend an och Verviers ass net wäit ewech. Am Éislek gesäit dat plazeweis ganz anescht aus. Och hei fënnt si, datt d'Politik d'Leit am Grand-Duché am Stach léisst. D'Lëtzebuerger kommen nämlech hannert d'Grenz, fir IRM, Petscan a Co. "Zu Lëtzebuerg waarts de éiweg, hei kënns de quasi direkt drun". Si stellt sech ëmmer erëm d'Fro, wou Lëtzebuerg amgaangen ass, hinzesteieren.

D'Liewenskäschte gesäit si, wéi schonn all déi aner Leit, déi ech am Interview hat, änlech. "Déi sinn adaptéiert", seet si. D'Wunnen ass méi gënschteg an och d'Liewensmëttel schonn zum Deel. Do mécht et da kee groussen Ënnerscheed, wann d'Pai e bësse méi kleng ausfält wéi op der anerer Säit vun der Grenz.

3 Froen un... D'Danièle Stelmes