De Béierpräis um Oktoberfest zu München klëmmt all Joer méi, 2024 kascht eng Maass fir d'éischt Kéier bis zu iwwer 15 Euro.

Fir genee ze sinn, leien d'Präis fir eng Maass Béier tëscht 13,60 Euro a 15,30 Euro, wat e Plus vun 3,87 Prozent méi ass, wéi am leschte Joer. Dat deelt d'Stad München e Mëttwoch mat, déi elo préift, ob d'Präisser gerechtfäerdegt sinn. Dës ginn nämlech vun de Wiert festgeluecht. Als Verglach déngen d'Präisser vun de grousse Restaurateuren zu München, wou de Präis fir eng Maass aktuell tëscht 7,70 Euro an 12,80 Euro läit.

Donieft sinn awer och d'Präisser fir alkoholfräit Gedrénks an d'Luucht gaangen. Fir e Liter Waasser aus der Fläsch muss een am Duerchschnëtt 10,48 Euro bezuelen a fir eng Limonad 11,67 Euro. D'Haussë bei de Softdrinke läit domat tëscht 44 Cent an 58 Cent de Liter.

Iwwer 6 Millioune Leit ginn all Joer op dat gréisst Volleksfest op der Welt. Déi 189. Wiesn sinn dëst Joer vum 21. September bis de 6. Oktober.