Venedeg wëll den Entrée op bis zu 10 Euro eropsetzen

© AFP (Archiv)
Venedeg test den Ament eng Entréestax fir Touristen, déi just een Dag an d'Stad kommen.
Elo de Weekend ass d’Testphas vun dëser Entréestax fir Dagestouristen zu Venedeg eriwwer. Venedeg wëll och weider Entrée froen, mä keng 5 Euro méi, mä bis zu 10 Euro, wann et extra voll ass.
No de leschten Testdeeg e Samschdeg an e Sonndeg wëll sech Venedeg Zäit loossen, fir e richtege Bilan ze zéien.
Elo wär awer scho gewosst, datt d’Entréestax soll bäibehale ginn. Net all Dag, mä dann, wa méi lass ass.
Iwwer zwou Milliounen Euro huet Venedeg bis ewell mat der Entrée verdéngt. Op munchen Deeg goufen iwwer 25.000 Dagestouriste registréiert. De Massentourismus huet d'Tax bis ewell net limitéiert, dat hunn déi Responsabel vun der Stad Venedeg zouginn. Et géing een awer elo dovunner ausgoen, datt dat duerch d'Hausse géing änneren.