D'Bëschbränn a Kanada hate wuel och Auswierkungen op den Himmel iwwer Lëtzebuerg.

An de kanadesche Rocky Mountains sinn den Ament op e puer Plaze Bëschbränn. An der Provënz Alberta hunn d'Autoritéiten d'Evakuéierung vun der Stad Jasper a vum Jasper Nationalpark ordonéiert. Zu Jasper selwer liewen an de Summerméint ronn 10.000 Leit. Am Nationalpark hätte sech den Ament vum Opruff zur Evakuéierung ronn 15.000 Persounen opgehalen, heescht et vun der Administratioun vun de kanadeschen Nationalparken.

An Alberta sinn aktuell 175 Bëschbränn aktiv, vun deene ronn en Drëttel nach net ënner Kontroll sinn. An der Provënz British Columbia ginn iwwerdeems 300 Bëschfeier gezielt.

Erhéicht Konzentratioun vu Partikelen iwwer Lëtzebuerg gemooss

Ma d'Bränn an de kanadesche Bëscher schéngen och Auswierkungen op d'Loft an der Groussregioun, an domat och zu Lëtzebuerg, gehat hunn. Wéi Meteolux op Nofro hin erkläert, wieren d'Feier a Kanada mat grousser Warscheinlechkeet d'Ursaach vun enger erhéichter Konzentratioun vu Partikelen - enger sougenannter Aerosolschicht - gewiescht, déi an der Nuecht op en Donneschdeg an ronn fënnef bis aacht Kilometer Héicht gemooss gouf.

RTL

Op dëser Grafik ass déi héich Konzentratioun vu Partikelen an enger Héicht tëscht 5 an 8 Kilometer ze erkennen. / © Meteolux

Aktuell befënnt sech dës Aerosolschicht allerdéngs schonn net méi iwwer Lëtzebuerg an ass schonn an de Beräich vun de britteschen Insele weidergezunn. An den nächsten Deeg wäerte sech d'Partikelen da weider an der Atmosphär verdënnen.

D'Partikelen, déi duerch déi kanadesch Bëschbränn an d'Luucht kommen, gi generell iwwert den nämmlechte Mechanismus op Lëtzebuerg transportéiert, ewéi och de Saharastëbs: Déifdrockgebidder hiewen d'Partikelen an d'Luucht an den Horizontalwand rappt se da mat bis an de Loftraum iwwert der Groussregioun. Wéinst der Hëtzt an den Dampwolleken, déi bei de Bëschfeier entstinn, hunn d'Partikelen et dann och relativ einfach, fir an déi richteg Héichten ze klammen. Wärend dem Transport gëtt d'Konzentratioun dann och ganz dacks duerch atmosphäresch Turbulenzen oder Nidderschléi verdënnt.

Esoulaang d'Partikelen an der héijer Atmosphär bleiwen, hunn esou Phenomener dann och keen negativen Impakt op d'Loftqualitéit um Buedem.