Virun zwee Joer huet de Jan Schneidewind de Restaurant hannert der Philharmonie opgemaach. Enn August ass et dann eriwwer mam Tempo.

Déi lescht zwee Joer konnt een hannert der Philharmonie Plaz huelen, e Glieschen drénken an eppes iessen. Bekannt ginn ass de Restaurateur Jan Schneidewind awer och duerch säin Optrëtt bei der däitscher Tëleessendung "Mein Lokal, dein Lokal", wou Lëtzebuerger Restaurateure géigesäiteg hir Kiche geschmaacht a bewäert hunn.

De Restaurant gëtt ofgerappt, hei soll nämlech en neie Proufsall fir d'Philharmoniker entstoen. De Jan Schneidewind wousst dat awer deemools schonn, wou hien den Tempo opgemaach huet. "Si hate mech deemools gefrot, ob ech de Bail fir zwee Joer iwwerhuele wéilt. Elo Enn August leeft en of an de Restaurant mécht zou."

Zäit fir d'Pensioun wier et awer nach net. De Restaurateur wäert weiderhin de Catering maache fir déi dräi Baren am Foyer vun der Philharmonie an hie sicht donieft nach no engem neien Doheem fir den Tempo.

"Ech hu meng Kandidature bei der Badeanstalt ageschéckt, mol kucken, wat dat gëtt. Ech kéint mir awer och e Pop-up-Tempo virstellen an der Stad", sou de Jan Schneidewind. Den Ament géif een also nach no Alternative sichen, fir d'Konzept vum Restaurant weiderzeféieren.

RTL

© RTL