Eng 100 Persoune sinn duerch de Süde vu Lëtzebuerg gefuer
Net schlecht gestaunt huet deen een oder aneren um Donneschdegowend. Eng 100 Leit si mat hirer Vespa am Pyjama gefuer.
Organiséiert gouf d’Aktioun vum Vespa-Tour am Pyjama vum Vespa-Club "Roude Léiw Lëtzebuerg". Et géif een dat elo schonn zanter e puer Joer maachen, esou de Jeff Tintinger, Sekretär vum Club.
De Vespa-Club Roude Léiw Lëtzebuerg ass ee vun de Vespa-Clibb aus dem Land. Si hunn hire Sëtz zu Reckeng op der Mess, donieft gëtt et e Club zu Bartreng an een zu Diddeleng. Donieft gëtt et de Vespa Club Lëtzebuerg an der Gemeng Suessem.
D’Sortie am Pyjama géif een aus Spaass maachen. "D’Leit sinn ameséiert a begeeschtert, wa se eis gesinn", erkläert de Jeff Tintinger. Wéi een zu Esch-Belval laanscht d’Police gefuer wier, déi grad Vitess-Kontrolle gemaach hunn, hätten d’Polizisten och ameséiert nogekuckt.
Den Tour ass duerch de Süde gaangen, vu Reckeng op der Mess bis op Déifferdeng, dann op Diddeleng an nees zeréck.