Travis Scott no Kläpperei zu Paräis erëm op fräiem Fouss

© RTL Archiv
No enger Kläpperei an der franséischer Haaptstad ass den US-Rapper Travis Scott e Samschdeg nees fräi komm.
De Paräisser Parquet huet entspriechend Informatiounen aus dem Ëmfeld vum Museker confirméiert, deen e Freideg festgeholl gi war. Dem Parquet no gouf d'Prozedur géint den 33 Joer Alen agestallt.
Dem Travis Scott war reprochéiert ginn, zu Paräis am Luxushotel George V. e Sécherheetsmann attackéiert ze hunn, nodeems dësen eng Ausernanersetzung tëscht dem Scott a sengem Bodyguard wollt stoppen.
En Donneschdeg hätt de Museker seng ronn 57 Millioune Follower en Donneschdeg op Instagram wësse gelooss, datt hien zu Bercy wier, wou d'Matcher vum Olympia-Baskettballturnéier organiséiert ginn. Do haten d'USA géint Serbien an der Halleffinall gespillt. Méi spéit war den Travis Scott senge Posts no bei enger Party an enger Disko.
Den Travis Scott ass e bekannten US-Rapper. Zanter 2015 huet hie véier Albumen erausgesicht. Doriwwer eraus ass hien de Papp vum Kylie Jenner hiren zwee Kanner. Eréischt am Juli war hien no Streidereien am Hafe vu Miami festgeholl ginn.