Eelste Mënsch vun der Welt mat 117 Joer gestuerwen

An dësem Seniorenheem huet d'María Branyas gelieft. / © AFP/Archiv/Pau BARRENA
D'Spuenierin María Branyas war am Guinness-Buch vun de Rekorder als déi eelst Persoun gelëscht. Hir Famill huet en Dënschdeg hiren Doud confirméiert.
"María Branyas huet eis verlooss. Si ass esou gestuerwen, wéi si et sech gewënscht huet: am Schlof, friddlech an ouni Péng", schreift d'Famill um Onlinedéngscht X.
D'Mariá Branyas hat nach virun hirem Doud eng Noriicht preparéiert, fir no hirem Doud. An dësem heescht et: "D'Zäit ass no. Kräischt net, ech hunn Tréinen net gär. A virun allem, leit net wéinst mir. Wou ëmmer ech higinn, wäert ech glécklech sinn." Hir Duechter hat dat laangt Liewe vun hirer Mamm lescht Joer op gutt Genen zeréckgefouert. D'María Branyas war deemno ni an engem Spidol. Am Alter vun 113 Joer hat si souguer eng Covid-Infektioun iwwerstanen.
D'Fra ass de 4. Mäerz 1907 op d'Welt komm an huet wärend méi wéi annerhallwem Joer als eelst Persoun vun der Welt gegëllt. Ofgeléist als dës, gëtt si elo vun der 116 Joer aler Japanerin Tomiko Itooka.