D'Esperance Fuerzina ass déi meescht tätowéiert Fra op der Welt
Déi fréier US-Zaldotin koum dann och en Donneschdeg mat dësem Rekord an dat weltbekannte Guinness-Buch.
Praktesch all Plaz um Kierper vun der US-Amerikanerin ass mat Tätowéierunge bedeckt, ganz genee sollen et 99,8% sinn. Dobäi kënnt, dass si, eegenen Aussoen no, och déi Fra op der Welt ass, mat de meeschte Kierper-Modifikatiounen. Heizou gehéiert zum Beispill d'Splécke vun der Zong, Plugs an der Nues oder Implantater ënnert der Haut, déi sou d'Ausgesinn modifizéieren.
Mat 21 Joer soll Esperance Fuerzina déi éischt Tätowéierung kritt hunn, e klengt Symbol op der Hëft. Majo dobäi ass et net bliwwen, mat de Joren koum all Kierperdeel drun, fir iwwermoolt ze ginn, dorënner och d'An, d'Aendeckelen, d'Zännfleesch oder och nach d'Zong.
Zu de Kierper-Modifikatiounen gehéieren ënnert anerem d'Splécke vun der Zong, eng Abberzuel u Piercingen oder och nach Deeler vun den Oueren, déi erausgeschnidde goufen.
D'Iwwerdecke vum Kierper mat Tätowéierunge soll dem Fuerzina no ronn 15 Joer gedauert hunn, am Ganze goufen honnerte Stonnen Aarbecht dofir gebraucht.
Wéi si de Medie matgedeelt huet, huet si scho munchmol Kritik fir hiert Ausgesi mussen astiechen, ma déi meeschte Leit an hirem Liewen akzeptéieren hiert "Hobby" awer voll a ganz.