Eng Koppel war an den USA mat engem Fliger ënnerwee, wéi de Pilot zesummegebrach ass. Seng Fra huet doropshin d'Steier iwwerholl an ass sécher gelant.

Well de Pilot wéinst engem Häerzinfarkt net méi weiderfléie konnt, huet seng Fra an den USA de Fliger sécher op de Buedem bruecht. D'Koppel war an enger Turboprop-Maschinn um Wee vun Henderson an Nevada op Monterey a Kalifornien, wéi den 78 Joer ale Mann ee medezineschen Noutfall hat. D'Loftfaartautoritéit FAA huet de Virfall confirméiert.

Wéi et weider an den US-Medien heescht, huet d'Fra vum Mann, déi bis ewell keng Flugerfarung hat, doropshin d'Steier iwwerholl. Mat der Hëllef vu Fluchlotsen, déi hir iwwer Funk detailléiert Infoe ginn hunn, ass et hir gelongen, fir de Fliger sécher zu Bakersfield a Kalifornien ze landen.

De Mann gouf no der Landung an eng Klinick bruecht, ass do awer un de Suitte vum Häerzinfarkt gestuerwen, sou de "Las Vegas Review-Journal".

Souwuel d'Fra wéi och d'Maschinn vum Typ Beechcraft King Air 90 hunn d'Landung gutt iwwerstanen.