Spezial-Jackpot geknackt
Eng Persoun aus Lëtzebuerg huet eng Millioun Euro gewonnen

Wéi d'Loterie Nationale matdeelt, gëtt et zu Lëtzebuerg e gléckleche Gewënner vum Spezial-Jackpot am Kader vun 20 Joer EuroMillions.
D'Zéiung war en Dënschdeg 15. Oktober.
D'Loterie Nationale erënnert dann och nach emol drun, dass een zanter 1945 net manner wéi 543 Milliounen Euro Benefice gemaach huet, déi komplett un d'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte verdeelt goufen, fir sozial, kulturell, Ëmwelt- oder sportlech Projeten am Grand-Duché ze finanzéieren.
Am meeschte gelies