Naturwonner verstoen an op Plaze fuerschen, wou nach laang net jiddereen hikënnt
Am August dëst Joer huet sech eng Ekipp vu Wëssenschaftler op de Wee a Grönland gemaach.
Do wëlle si eng ganz seelen an zum Deel och geféierlech Gletscherformatioun ze analyséieren – mat dobäi och eng Lëtzebuergerin.
D'Marie Schroeder studéiert zu Innsbruck an huet sech am Kader vun hirem Doktorat ganz speziellen Äisklippen ugeholl. Den LATTICE-Projet beschäftegt sech mat enger Eegenschaft vu Gletscheren, déi relativ rar ass. Déi meescht Gletscheren hale relativ flaach op, mee d'Ekipp vun Innsbruck interesséiert sech fir e Gletscher, deen einfach riicht erof geet – eng richteg Äiswand. Déi sougenannte "land-terminéiert Äisklippen" ginn et nëmmen op wéinege Plazen op der Welt, beispillsweis an der Antarktis, op der Spëtzt vum Kilimandjaro oder hei a Grönland. D'Ekipp wëll elo verstoen, firwat dat sou ass a wisou grad op dëser Plaz.

© RTL
Dofir ass d'Ekipp vun dräi Fuerscher an engem Kameramann bis a Grönland geflunn. Fir d'éischt huet ee sech véier Deeg laang missen op der Pituffik Militärbasis akklimatiséieren an op déi richteg Wiederkonditioune waarden. Et ass eng amerikanesch Militärbasis, déi zesumme mat Dänemark, Grönland a Kanada geréiert gëtt, an et ass zousätzlech déi zweet nërdlechst Militärbasis op der Welt. Op der Plaz huet ee misse sämtlech Liewensmëttel, Fuerschungsmaterial an och Bensinn an den Helikopter lueden, fir datt een och dräi Wochen op der Plaz beim Gletscher iwwerliewe kann.

No engem Vol vun 30 Minutten ass een dann och schonn um Gletscher ukomm, bei der vertikaler Äiswand. Wärend der ganzer Zäit huet een an Zelter geschlof, d'Iesse mat Waasser gekacht a virun allem och vill geschafft. Well de Gletscher riicht erof geet, war et néideg, an der Héicht ze schaffen. Déi néideg Kletterausrüstung huet een dofir och misse matbréngen.

D'Marie Schroeder huet 2017 hir Studien zu Innsbruck ugefaangen, de Bachelor an Atmosphären- a Kryosphärenwëssenschaften a spéider e Master ofgeschloss. Elo ass si amgaangen hiren Doktorat ze maachen a konzentréiert sech virun allem op d'Gletscheren.
D'Donnéeën, déi am August op der Plaz gesammelt goufen, ginn elo no an no ausgewäert, mee d'Fuerschungsaarbecht geet nach bis 2026 weider. Duerno wäert et och zu enger weiderer Expeditioun op der Plaz kommen, fir en Ofschloss ze maachen, an d'Statiounen a soss Material ofzeriichten.
