Déi 16. Editioun vum Wanterfeeling beim Suessemer Schlass gouf e Freideg den Owend agelaut.

De Schlasspark huet sech wärend dräi Deeg nees an eng magesch Wanterwelt verwandelt, mat enge ronn 50 Exposanten – Konschthandwierk, Gaardenartikelen a Villes méi. Et gouf donieft och allerlee Schneekegkeeten.

Als spezielle Bonbon gouf et e Freideg den Owend um 20.00 Auer eng Droneshow, fir de feierleche Start ze markéieren. Donieft huet déi lëtzebuergesch Band Afrobeathoven an engem vun den zwee groussen Zirkuszelter de Showprogramm lancéiert.

Iwwer de Weekend waren eng 200 Artisten a Museker am Asaz an hunn zum Deel och fir Iwwerraschungsmomenter matzen an de Leit gesuergt.