Zu Köln hu Krimineller net gutt genuch higekuckt, ier se hire Sprengstoff placéiert hunn.

Zu Köln-Mülheim huet et an der Nuecht op e Mëttwoch géint 4 Auer haart geknuppt. E Sécherheetsdéngscht hat virdrun zwee Onbekannter dobäi observéiert, wéi si eppes am Virraum vun enger Postbank-Filial gefréckelt haten.

Déi zwee Verdächteg hunn zwar grousse Schued ugeriicht, ma si hu sech missen ouni Suen aus dem Stëbs maachen. Amplaz vun dem Bankomat hate si eng Maschinn, déi Konto-Extraiten ausprint, gesprengt.

D'Police konnt déi zwee 18 a 34 Joer al Verdächteg kuerz drop festhuelen. Si hu sech bis ewell net zum Virfall geäussert a goufen en Donneschdeg dem Haftriichter presentéiert.