"Biodeutsch" zum Onwuert vum Joer 2024 gewielt

© AFP/Archiv/DANIEL ROLAND
Eng Jury aus Sproochwëssenschaftler huet d'Onwuert vum Joer 2024 erausgesicht. E Méindeg ëm 9 Auer gouf de "Gewënner" genannt.
D'Onwuert vum Joer 2024 ass deemno "Biodeutsch". D'Jury mat Sëtz am däitsche Marbuerg huet hir Selektioun esou begrënnt: "Den Ausdrock "biodeutsch" gouf am Joer 2024 am ëffentlechen a gesellschaftleche Sproochgebrauch a besonnesch an de Soziale Medie verstäerkt benotzt, fir Mënsche virum Hannergrond vu vermeintlech biologeschen Ofstamungskrittären anzedeelen, ze bewäerten an ze diskriminéieren."
Ursprénglech gouf den Ausdrock nach éischter satiresch gebraucht, andeems et op de Bio-Sigel fir ökologeschen Ubau ugespillt huet. Ma mat der Zäit huet sech d'Benotzung geännert an d'Wuert gëtt ëmmer méi dacks dofir benotzt, Leit, déi virum Gesetz deen nämmlechte Status hunn, Ongläichheeten zouzeschreiwen.
Aner Kandidate fir d'Onwuert vum Joer 2024 waren och nach "Ampelkrach", "D-Day", "Sondervermögen" an "Technologieoffenheit". 2023 war d'Onwuert vum Joer "Remigration", 2022 war et "Klima-Terroristen" an 2021 war et "Pushback". 2020 waren direkt zwee Wierder erausgesicht ginn: "Corona-Diktatur" a "Rückführungspatenschaften".
Zanter 1991 gëtt an d'Däitschland een Onwuert vum Joer erausgesicht. Dacks spigelt d'Wiel déi politesch a sozial Debatten, déi d'Land am vergaangene Joer gepräägt hunn. Mat iwwer 3.000 Virschléi war d'Bedeelegung 2024 e gutt Stéck méi grouss, wéi nach am Joer virdrun. Deemools waren 2.300 Virschléi erakomm.