Ronne GebuertsdagÉischt Pokémon-Spill koum de 27. Februar 1996 eraus

RTL Lëtzebuerg
Aus engem "Pocket Monsters"-Game-Boy-Spill gouf déi wäertvollst international Medien-Franchise.
Iwwert dem Himmel vun Tokio gouf den 30. Gebuertsdag vu Pokemon gefeiert.
Iwwert dem Himmel vun Tokio gouf den 30. Gebuertsdag vu Pokemon gefeiert.
© RYUZO SUZUKI/The Yomiuri Shimbun via AFP

Aus engem japanesche Studio goung et an déi ganz Welt an dono esouguer an de Kino: Déi bekannten Franchise “Pokémon” feiert dëse Freideg 30 Joer.

De Kapp hannert der Anime-Serie Satoshi Tajiri huet sech bei senge Storyen u senger eegener Kandheet inspiréiert. Hien war gären op Aventuren an der Natur ënnerwee an huet dobäi Insekten a kleng Déiere gefaangen. Well kleng Déieren och gutt an eng Täsch passen, huet hien säin éischt Spill fir den Nintendo Game Boy “Pocket Monsters” genannt. Dëst koum de 27. Februar 1996 a Japan eraus. Méi spéit gouf den Titel op “Pokémon” gekierzt.

An de leschten 30 Joer ass villes ëm Pokémon geschitt. Déi japanesch Serie huet et als déi wäertvollst Franchise an d’Guinness Buch vun de Weltrekorder gepackt. Pokémon gëtt op de Wäert vun iwwer 100 Milliarden US-Dollar geschat.

Éischt Pokemon-Spill koum de 27. Februar 1996 eraus
Dëse Freideg huet déi bekannte Franchise 30 Joer gefeiert.

Zu der Franchise gehéieren animéiert Fernseesendungen, verschidde Filmer, Sammelkaarten a Videospiller. Ufank Februar gouf eng rar Pokémon Kaart, déi un enger mat Diamante versate Kette fixéiert war, fir bal 14 Milliounen Euro verkaf.

Back to Top
CIM LOGO