Bei der Éierung mam spuenesche Goya-Präis huet den Acteur Richard Gere den US-President Trump a senger Ried attackéiert.

De Richard Gere gesäit däischter Zäiten op säi Land duerkommen, zanter den Donald Trump am Amt ass. 
"Mir sinn an engem däischteren Uert an Amerika", sot de 75 Joer alen US-Schauspiller bei der Präisiwwerreechung vun de Goya-Filmpräisser am spuenesche Granada. Hien huet de Rietspopulist Trump als "Mobber" a "Gangster" bezeechent.

Hien huet allerdéngs ze bedenke ginn, dass et op der ganzer Welt eng Entwécklung gëtt hin zu méi autoritäre Forme vun der Muechtausféierung. "Dat ass net just esou an de Vereenegte Staaten, et ass iwwerall."

A senger Ried huet de Gere virum ëmmer méi grousse politeschen Afloss vu Milliardären an den USA gewarnt. A senger Heemecht géif et en "däischtere Mariage" ginn tëscht Muecht a Suen. D'Tatsaach, dass d'Vereenegt Staaten elo vu "irresponsabele" Milliardäre geleet géife ginn, wier "eng Gefor fir jiddereen op dësem Planéit".

Spuenesch Filmakademie: Aussergewéinleche Bäitrag zur Filmkonscht"

De Richard Gere gouf a Spuenien fir säi filmescht Wierk a säi gesellschaftlecht an och politescht Engagement ausgezeechent. De Präis krut hie vu sengem spuenesche Filmkolleeg Antonio Banderas iwwerreecht.

Déi spuenesch Filmakademie huet erkläert, den Acteur hätt "an e puer vun de bedeitendste Filmer an der Geschicht vum Kino" matgespillt. Gewierdegt gouf de Richard Gere och fir säin "intensiivt Engagement fir d'Autonomie vun Tibet an den Erhalt vun der tibeetescher Kultur".

Effektiv huet sech de Schauspiller an Tibet-Aktivist schonn e puer Mol mam Dalai Lama getraff, deen am Exil lieft. China hat 1950 Truppen an den Tibet geschéckt a kontrolléiert d'Himalaya-Regioun bis haut.