De bei Touriste beléifte "Stee vun den 12 Ecken" zu Cusco am Süde vum Peru ass mat engem Hummer beschiedegt ginn.

Et wieren irreversibel Schied entstanen, sou de Kulturministère. Mat esou enger "Attack op d'Kultur" riskéiert een eng Prisongsstrof vu bis zu 6 Joer.

Verdächtegt gëtt een 30 Joer ale Mann, deen ënner Drogen- an Alkoholafloss stoung.

De "Stee vun den 12 Ecken" ass Deel vun enger Mauer vun engem fréiere Palais vun den Inda-Roca a gëllt och als Symbol vun den handwierkleche Capacitéite vun den Inkaen.